Dëse Website ass den Eegentum vu Bam Bormet bvba.
Email: info@bambormet.be

Duerch den Zougrëff op an d’Benotze vun dësem Website deklaréiert Dir, datt Dir ausdrécklech mat folgenden allgemenge Geschäftsbedéngungen averstane sidd.

Schutz vum geeschtegem Eegentum

D’Inhalter vun dësem Site, d.h. d’Marken, d’Logoen, d’Zeechnungen, d’Donnéeën, d’Nimm vun de Produiten oder den Entreprisen, d’Texter, d’Biller asw. sinn duerch d’Gesetz iwwer de geeschtegen Eegentum geschützt a gehéieren Bam Bormet bvba oder genehmegten Drëttpersounen.

Haftungsbeschränkung

D’Informatiounen op dësem Website sinn allgemenger Natur. Si goufen net u perséinlech oder spezifesch Ëmstänn adaptéiert a kënnen dofir net als eng perséinlech, professionell oder juristesch Berodung fir de Benotzer ugesi ginn.

Bormet bvba setzt alles drun, dofir ze suergen, datt all d’Informatioune vollstänneg, richteg, exakt an aktuell sinn. Trotz dëse Beméiunge kënnen d’Informatiounen Ongenauegkeeten enthalen. Falls déi disponiebl Informatiounen Ongenauegkeeten enthalen, oder falls verschidden Informatiounen net um Site disponibel sinn, wäerte mir alles drusetzen, d’Situatioun ze rektifizéieren.
Bam Bormet bvba haft net fir direkt oder indirekt Schied, déi duerch d’Benotze vun den Informatioune vun dësem Site zustane kommen. Falls Dir Ongenauegkeeten an den disponibelen Informatiounen op dësem Webiste fannt, da kontaktéiert w.e.g. de Gestionnaire vum Site.

Den Inhalt vum Site (och d’Linken) kënnen zu all Moment an ouni Ukënnegung modifiéiert, geännert oder ergänzt ginn. Bam Bormet bvba garantéiert net dat gutt Fonctionnement vum Website an haft ënner kengen Ëmstand fir iergendswellecht schlecht Fonctionnement oder temporär Indisponibilitéit vum Website oder fir all Form vu Schied, direkt oder indirekt, déi duerch den Zougrëff op a d’Benotze vum Website zustane kommen.
Bam Bormet bvba kann ënner kengen Ëmstänn fir responsabel gehale gi fir iergend eng Persoun, direkt oder indirekt, virun allem oder a soss enger Form fir Schied, déi der Benotzung vum Website oder enger anerer Website zouzerechne sinn, virun allem opgrond vu Linken oder Hyperlinken, mä net nëmmen, Verloscht, Aarbechtsënnerbriechungen, Schied u Programmer oder aner Donnéeën um System vum Computer, oder d’Equipement, Software oder soss eppes vum Benotzer.

De Website kann Hyperlinken op Websitten oder op Säite vun Drëttpersounen oder déi indirekt op se referéieren enthalen. D’Verknüpfung vun de Linken zu dëse Websitten oder Säiten implizéieren a kengster Weis eng implizit Zoustëmmung vun hirem Inhalt.
Bam Bormet bvba erkläert ausdrécklech, datt si keng Kontroll iwwer den Inhalt oder aner Charakteristiken vun dëse Websitte huet an datt si net haft, a wéi enger Form och ëmmer, fir dären Inhalt oder Charakteristiken oder fir all aner Form vu Schied, déi duerch hiert Benotze zustane kommen.

Applikabelt Recht a kompetent Geriichter

D’belscht Recht trëfft op dëse Site zou. Am Fall vun engem Sträitfall sinn exklusiv d’Bezirksgeriichter vun Hasselt kompetent.

Dateschutzbestëmmungen

Bam Bormet bvba hëlt de Schutz vun Äre perséinlechen Donnéeën immens eescht. Obwuel déi meeschten Informatiounen op dësem Site zougänglech sinn, ouni perséinlech Donnéeën unzeginn, ass et méiglech, datt d’User no hire perséinlechen Informatioune gefrot ginn. Dës Informatioune ginn nëmmen am Kader vun der Souscriptioun vun der Newsletter benotzt. D’User kënnen zu all Moment, gratis an op Ufro, der Benotzung vun hiren Donnéeën fir Direktmarketing widderspriechen. Dofir musse si Bam Bormet bvba kontaktéieren. Är perséinlech Donnéeë wäerten ni Drëttpersounen weidergereecht ginn.

Entspriechend dem Gesetz iwwer den Traitement vun de perséinlechen Donnéeë vum 08/12/1992 hunn d’User d’Recht, hir perséinlech Donnéeën ze kucken an, falls néideg, ze verbesseren. Dir kënnt eng schrëftlech, datéiert an ënnerschriwwen Demande, mat engem Beweis vun Ärer Identitéit (Kopie vun der Carte d’identité) un d’Post-Adress oder d’E-Mail-Adress vu Bam Bormet bvba schécken, fir d’schrëftlech Matdeelung vun Äre perséinleche Donnéeë gratis ze kréien. Falls néideg, kënnt Dir och froen, falsch, net vollstänneg oder irrelevant Donnéeën ze verbesseren.

Bam Bormet bvba kann anonym an aggregéiert Donnéeë vun net perséinlecher Natur sammelen, z.B. Browsertyp oder IP-Adress, d’Betribssystem, deen Dir benotzt, oder den Numm vum Domaine vum Website, iwwer deen Dir Zougang zum Website vu  Bam Bormet bvba kritt hutt. Dëst erlaabt eis et, stänneg de Website vu Bam Bormet bvba fir d’User ze verbesseren.

D’Benotze vu Cookies

Wann Dir eise Site besicht, kënne Cookies op den Harddisk vun Ärem Computer placéiert ginn, mam Zweck, de Site besser op d’Besoine vun de Visiteuren, déi zeréckkommen, ze adaptéieren. Dës Mini-Dateien oder Cookies ginn net gebraucht, fir d’Surf-Verhale vum User op anere Websitten ze verfollegen. Ären Internetbrowser erlaabt et Iech, d’Benotze vu Cookies ze blockéieren, esou datt Dir en Avertissement kritt, allkéiers wann e Cookie installéiert gëtt oder d’Cookies vun Ärem Hard-Disk geläscht kënne ginn. Fir méi Informatiounen doriwwer, kuckt no der Help-Funktioun an Ärem Internetbrowser.